Moien, ech sinn den Olivier!


Schon als jonken Mënsch sinn ech mat Muppen opgewuess, sou datt mèng Léift fir Déieren ganz frei schon ugefaangen huet ze wuessen. Als Erwuessener hunn ech dann zwee Hënn aus Rumänien opgeholl, fir hinnen eng Chance op e scheint Muppeliewen ze erméiglechen. Wéi wuel all Hondsbesëtzer, hunn och ech meng Muppen gären an oft geknipst an schnell hunn ech esou d'Talent u mär entdeckt, dass d'Déierefotografie mär lait. Am Fréihjoër 2019 hunn ech dann mat der professioneller Hondsfotographie ugefaangen. No an no hunn ech dann meng Offer vergréissert, andeems ech mär am Wanter 2019/2020 e klengen Fotostudio angeriicht hunn, fir mengen Klienten eng méih grouss Offer unzebidden. Schlussendlech hunn ech am Juli 2021 dann main Projet Upside Down ugefaangen, fir de Leit eng nei Perspektiv von hierem Déier ze weisen. Mëttlerweil liewen 2 wonnerbar Katzen bei mär am Stot, déi natierlech och oft de Wee virun meng Lëns fannen.