Offer Fotoshooting


Am Studio - 99€


De Shooting ass am Studio zu Zolwer, hei hunn ech verschidden Dekoratiounen wou dier kennt eraussichen. Ech bidden och Actionfotoen mat Leckerlien, Ball,… un an natierlech och Portraiten mam Besëtzer. D’Fotoen ginn an Echtzait op den PC iwwerdroen, sou datt dier direkt nom Shooting déi Fotoen erauswielt, déi ech iech dann veraarbeschten. 5 Fotoen kaschten 99€, all weider Foto kritt dier fir 15€. Déi färdeg veraarbechten Fotoen kommen dann an d'Galerie am Espace Client wou Dier e Login kritt fir se kucken ze goen. Déi ausgewielten Fotoen kennt Dier dann nom Bezuelen direkt vum Site am Espace Client eroflueden.

Dobaussen - 119€


De Shooting gëtt dobaussen an der Natur gemeet, an engem Park, op enger Wiss oder am Bësch, oder gären op enger méi spezieller Plaz, je no Wonsch a Goût vum Propriétaire ( Fond de Gras, Streetfotoen, Graffitihannergrond...). De Shooting kascht 119€ fir 8 beaarbechten Fotoen, all weider Foto kascht 12€. Falls d'Déier net vun der Léngt ka gelooss ginn, froen ech fir d'Retouchéieren vun dëser 5€ extra pro Foto.
Bei engem Shooting vun 1 bis 2 Stonnen, kommen ech op 20 bis 25 Fotoen, déi dier onveraarbecht als Preview iwwert dëss Homepage kennt kucken. Dann deelt dier mier mat, welch Fotoen dier dann wellt an déi ginn dann professionnel verschafft. Déi fäerdeg veraarbechten Fotoen kennt Dier dann nom Bezuelen direkt vum Site am Espace Client eroflueden.

ENG NEI PERSPECTIV

Upside Down - 79€


Den Upside Down-Shooting léisst iech ärt Déier aus engem neien Bléckwénkel gesinn, nämlech vun ennen. Dofier gëtt den Mupp oder d'Kaz op eng gliese Plack (op Mooss gemeeten Glasdësch) gesat a vun ennen geknipst. Als Viraussetzung fir sou e Shooting, ass et vun Virdeel, wann d'Déier et schon kennt, op engem Dësch ze setzen. De Shooting ass am Studio zu Zolwer, D’Fotoen ginn an Echtzait op den PC iwwerdroen, sou datt dier direkt nom Shooting déi Fotoen erauswielt, déi ech iech dann veraarbeschten. 3 Fotoen kaschten 79€, all weider Foto kritt dier fir 20€. Déi färdeg veraarbechten Fotoen kommen dann an d'Galerie am Espace Client wou Dier e Login kritt fir se kucken ze goen. Déi ausgewielten Fotoen kennt Dier dann nom Bezuelen direkt vum Site am Espace Client eroflueden.